Allgemeng Geschäftsbedéngungen (AGB)
D'AGB gëlle fir all aktuell an zukünfteg Geschäftsbezéiung. D’AGB gëllen nëmme géigeniwwer dem Client an nëmmen zum Zäitpunkt vun der Bestellung.
Mat der Bestellung vun der Wuer erkläert sech de Client, d'Wuer kafen ze wëllen an erkennt d'Liwwerbedingungen un. De Kafvertrag kënnt zustanen, andeems Editions Scara-Mouche dat an der Bestellung mentionéiert Vertragsangebot unhëlt. Spéitstens dräi Deeg nom ausféire vun der Bestellung erhält de Client eng E-Mail, déi d’Bestellung confirméiert an d’Eenzelheete spezifizéiert.
Nodeems d'Bestellung agaangen ass, verflichts ech de Keefer innerhalb vun der gesetzlecher Delai vun 30 Deeg d'Wuer ze bezuelen. Heizou muss dat ausgewielt Bezuelungsmëttel benotzt ginn. D'Wuer gëtt zeréckbehale bis de Montant agaangen ass. Nodeems d'Bezuelung agaangen ass, gëtt d'Wuer innerhalb vu fënnef bis siwen Aarbechtsdeeg un de Liwwerdéngscht iwwerginn.
Bei Problemer vum verschécke vun engem Artikel, gëtt Kontakt zum Client opgeholl an d'Méiglechkeet besteet ob ee Remboursement.
All d’Bicher sinn bei der “Bibliothèque Nationale du Luxembourg” hannerluecht an ënnerleien dem gesetzlech geeschtegem Eegentum vun Editions Scara-Mouche.Am Zäitraum vu 14 Deeg nom Erhalt vun der Wuer, ka vum Widerrufsrecht gebrauch gemaach ginn. Dofir muss Kontakt mat Editions Scara-Mouche andeems eng Mail un kontakt@scara-mouche.lu geschéckt gëtt mat der Angab vun der Rechnungsnummer. Déi net beschiedegt Wuer muss innerhalb vu 14 Deeg mat enger frankéierter Récksendung bei Editions Scara-Mouche agoen. Wann d'Wuer benotzt gouf oder Verbrauchsspueren opweist, kann de Kaf net widderruff ginn.