Andy Steffen
Den Andy Steffen ass 1981 gebuer. Säit senger Jugend begleet hien d'Passioun ze Schreiwen. A senger Pubertéit huet hien ugefaangen d'Erwuesse ginn, d'Fro vum Sënn vum Liewen an och soss alles wat engem an der Zäit duerch de Kapp geet, a Gedichter ze verschaffen. 2016 ass säin éischt Kannerbuch „D'Sidoni Seel“ an d'Bicherregaler stoe komm, a sollt elo mam Buch „D'Ayla an de Mound“ e weidert staarkt Meedche virstellen.