D'Ayla an de Mound
„Mound, du wonnerschéinen Äerdtrabant,
reechen dir all Owend meng Hand.
Leet mech eraus aus dësem triste Gro,
hei ass et net schéin, mee schrecklech schro!“
Erhofft sech d'Ayla, e klengt verdrësslecht Meedchen, dem Gedirängels enger moderner Gesellschaft ze entkommen. A senger gréisster Nout adresséiert sech d'Ayla un de Mann am Mound, awer wéinst sproochleche Barrièren dësen d'Uleies falsch versteet a kuerzerhand d’ganz Welt op d'Kopp werft. Soll d'Ayla mat der hëllef vun den zwee Draachen “Chin an Chang” de gelungene Mann am Mound dozou kréien him ze vertrauen, fir mat verluere gegleefter Mënschlechkeet d'Äerd ze retten?
“D'Ayla an de Mound” verzielt op lëtzebuergesch d'Geschicht vum Ausbroch aus enger perfekte Gesellschaft a riicht sech u Kanner tëschent 6-12 Joer, déi sech kuerz vum Alldag erblose wëllen.
D’Ayla an de Mound
© Editions Scara-Mouche
Lëtzebuerg 2021